Historesche Kontext / Historical context
Den 11. September 1944 ass geschitt, wat déi meescht Dikricher säit der Landung vun den Alliéierten an der Normandie de 6. Juni 1944 voller Ongedold erwaart haten: “D’Amerikaner sin dô”.
Nodeems sech déi lescht däitsch Truppen den 9. September aus Dikrich zeréckgezunn an dobäi, fir den amerikanesche Virmarsch ze bremsen, d’Sauerbréck gesprengt haten, sinn um Moie vum 11. September déi éischt Panzeren an Infanteriste vun der 5th Armored Division am Raum Dikrich ukomm. Verschidden Awunner vun Dikrich, ënner anerem de Joseph Dudzinski, hu sech hinnen op der Strooss Richtung Steeën entgéint gemaach, fir si vum däitsche Réckzuch z’informéieren. Wéi d’Amerikaner d’Fielsser Strooss erreecht hunn, hu si do scho weider Dikricher freedeg erwaart. Iwwer d’Eisebunnsbréck, vun Zaldoten an Ziviliste mat Dunnen an Dille verstäerkt, sinn d’Amerikaner an de Stadkär gefuer. Um Wee Richtung Maartplaz ass d’Gedrécks ronderëm d’G.I.s permanent méi grouss ginn. Op der Maartplaz louche sech Befreier a Befreiten an den Äerm, hunn zesummen ugestouss a Frëndschafte geschloss. Besonnesch gär ass een op d’Militärgefierer geklomm, fir do zesummen eng Foto ze maachen. Nomëttes huet sech, ugefouert vun der Dikricher Philharmonie, ee Cortège duerch Dikrich gebilt. Schluss- an Héichpunkt war op der Kluuster, wou de Buergermeeschter Joseph Theis de Befreier am Numm vun der Dikricher Bevëlkerung Merci gesot huet.
Mä sou dankbar d’Dikricher hire Befreier géigeniwwer och waren, sou rosen a voller Haass waren si géigeniwwer dem NS-Regime. Hitler-Biller an Uniforme goufe symbolesch opgeknäppt a verbrannt. Besonnesch schro ass et de “Gielemännercher”, de Kollaborateuren ergaang. Sou munche Lynchmord konnt nëmmen duerch een Agräife vu behäerzte Bierger oder amerikaneschen Zaldote verhënnert ginn.
No der ufänglecher Freed wollt sech awer dat endgültegt Fräiheetsgefill nach net sou richteg breet maachen. Vill Dikricher hate wéinst der gerénger Distanz zur Front Angscht virun enger däitscher Konterattack. Wéi sech weise sollt, waren hir Bedenke berechtegt: um Moie vum 16. Dezember 1944 huet déi däitsch Arméi déi berüchtegt Ardennenoffensiv lassgetrëppelt, déi bis Enn Januar 1945 den Norde vum Land zerstéiert an d’Bevëlkerung an Angscht a Schrecke versat huet. Et sollt eréischt Januar 1945 gi, bis Dikrich op en Neits definitiv befreit gouf.
Historical context
On the 11th September 1944, what most of Diekirch's population had been impatiently awaiting since the Allied landings in Normandy on May 6th 1944, finally happened: ‘The Americans are here’.
While withdrawing from Diekirch on September 9th, the last German troops had blown up the Sauer Bridge in order to slow down the American advance. The first tanks and infantrymen of the American 5th Armoured Division arrived in Diekirch on the morning of the 11th September. Some inhabitants of Diekirch, including Joseph Dudzinski, had hurried towards the American troops on the road to Stegen to inform them of the German retreat. When the American troops arrived in the Route the Larochette, they were joyfully greeted by more Diekirch residents. The American soldiers advanced into the centre of Diekirch over the still intact railway bridge, reinforced with beams and planks from the “Schou” company. On their way to the market square, the Americans found themselves overwhelmed by an ever-growing crowd of cheering people. Liberators and liberated lay in each other's arms, ate and drank together and forged many friendships. People particularly enjoyed taking photos on the military vehicles. In the afternoon, a victory parade led by the Diekirch Philharmonic Orchestra took place. It ended and culminated on the Kluuster, where the mayor Joseph Theis expressed the gratitude of the Diekirch citizens to their liberators.
But as grateful as the people of Diekirch were to their liberators, as angry and hateful they were towards the Nazi regime. Pictures of Adolf Hitler and Nazi uniforms were symbolically hung up and burnt. Especially the ‘Gielemännercher’, collaborators with the Nazi regime, felt the wrath of the crowd. Many intended lynchings could only be prevented by the intervention of courageous citizens or American soldiers.
Despite the initial joyful frenzy, a lasting feeling of freedom hadn’t yet spread among the inhabitants. Many people were afraid of a counter-attack by German troops, due to the city’s proximity to the front. As it turned out, rightly so: in the early morning of December 16th 1944, the infamous Battle of the Bulge began, devastating the north of the country and terrifying its population.
Mir soen alle Persoune Merci fir d'Zesummestellung vun der Ausstellung.
Commissaires d'exposition :
Niederkorn Benoît
Welter Carine
Assistants scientifiques :
Bauler Lucie
Bouchama Hakim
Entringer Lisa
Freimann Catherine
Gaul Roland
Hirtzig Chris
Pauly Michel
Pott Laura
Schadeck Dean
Graphique :
Brüls Shari
Dimola Sandro
Mertens Aileen
SAN - Creative Studio
Communication :
Descamps Xavier
Kanivé Nikki
Lahure Sandie
Institutions & Associations :
Commission des affaires culturelles, Ville de Diekirch
Personnes :
Baulesch John
Behm Colas
Bonert Paul
Dillmann Roger
Ernst Jean-Claude
Famille Dudzinski
Felten Diana
Jacoby Théo
Peters Monique