80 Joer Ardennenoffensiv

Dikrich erënnert sech

Am Kader vum 80ten Anniversaire vun der Ardennenoffensiv organiséiert d'Stad Dikrich mam Lycée Classique de Diekirch an den Institutiounen (MNHM, Mh[s]D, Kulturkommissioun vun der Stad Dikrich) e Konferenzzyklus an eng Wanderausstellung.

  • LCD: "Semaine de la Mémoire" : Workshops, Table ronde a Wanderausstellung “Ons zerschloen Dierfer” an "Aristides de Sousa Mendes. Un consul portugais entre la conscience humaine et la raison d’Etat
  • Konferenzzyklus iwwert d’Ardennenoffeniv an hir Konsequenzen
  • 2. Liberatiounsfeier vun Dikrich + 40. Anniversaire vum Musée (Sept. 1984), Al Seeërei, 24.01.2025

Konferenzen

Deutsche Kriegsgefangene als Landarbeiter in Luxemburg: Organisation, Akteure, Konflikte

4. Dezember 2024, 19:15
Lycée Classique Diekirch
32, avenue de la Gare, 9233 Diekirch

Neben den Zerstörungen sah sich Luxemburg mit dem Ende des Zweiten Weltkrieges von einem akuten Arbeitskräftemangel bedroht. Die Lösung hierfür boten tausende deutsche Kriegsgefangene, die durch die alliierten Siegermächte ins Großherzogtum gebracht wurden und zur erstmaligen Entstehung eines luxemburgischen Kriegsgefangenenwesens führten.

Wie genau aber verlief dieser Prozess? Die Unterbringung sowie der Arbeitseinsatz mehrerer tausend Gefangener verlangte nämlich eine entsprechende Organisation, die durch das Zusammenwirken verschiedenster Akteure innerhalb kürzester Zeit ermöglicht werden musste. Konflikte waren entsprechend vorprogrammiert.

Der Vortrag soll unter anderem diese Fragen in einem Überblick über die Geschichte der deutschen Kriegsgefangenen in Luxemburg beantworten.

D'Militäroperatioune vun der Ardennenoffensiv ronderëm Dikrich an hir Konsequenze fir d'Zivilbevëlkerung

13. Dezember 2024, 19:15
Lycée Classique Diekirch
32, avenue de la Gare, 9233 Diekirch

No engem Iwwerbléck zum militäresche Makrokontext am Dezember 1944 gëtt déi däitsch Attack vum 16.12.1944 op de Leescht geholl. De Schluss vun der Konferenz konzentréiert sech op déi amerikanesch Konterattack vum 18.-20.1.1945.

Zäitzeienaussoen, Bildquellen an individuell Schicksaler bidden dobäi spannend perséinlech Perspektiven.

Die politische Säuberung in der Nachkriegszeit

17. Januar 2025, 19:15
Al Kierch
5, rue du Curé, 9217 Diekirch

Kaum eine Epoche der luxemburgischen Geschichte hat es vermocht, so viele Gegensätze in einem Themenbild zu vereinen wie die unmittelbare Nachkriegszeit. Nie lagen die Gefühle von Sieg und Niederlage, von Euphorie und Verzweiflung, von Recht und Unrecht so dicht beieinander. Inmitten dieser Wirren galt es nun, die Weichen für die Zukunft eines kleinen Landes im Herzen Europas zu stellen und das Gefühl der Solidarität und Zusammengehörigkeit für die kommenden Jahrzehnte zu sichern. Für die meisten Akteure der damaligen Politik war dies nur durch einen radikalen Bruch mit den nationalsozialistischen Traditionen und eine rigorose Säuberung des gesamten Beamten- und Angestelltenapparates zu erreichen.

Ierzebulli 18:30, Ufank Konferenz 19:15

Don Suisse - Die Schweiz hilft beim Wiederaufbau

22. Januar 2025, 19:15
Lycée Classique Diekirch
32, avenue de la Gare, 9233 Diekirch

Während des Zweiten Weltkrieges gründete der Bundesrat der Schweiz am 25.2.1944 das Hilfswerk Don suisse pour les victimes de la guerre, dessen prioritäres Ziel die humanitäre Hilfe in den zerstörten Teilen Europas war. Das Comité d’Action suisse pour le Luxembourg engagierte sich ab 1945 auch im total zerstörten Echternach mit Traktoren und „Schwäizer Buden“. Der Vortrag skizziert den bis heute unbekannten Einsatz schweizerischer Hilfsorganisationen in Luxemburg während des Wiederaufbaus.

Am Gemengenarchiv gekroomt: Ardennenoffensiv a Rekonstruktioun

29. Januar 2025, 19:15
Al Kierch
5, rue du Curé, 9217 Diekirch

D’Dikricher Gemengenarchiv gehéiert zum kollektive Gediechtnes vun der Stad Dikrich. Mä wat weess eist Gemengenarchiv, eis „Gediechtnesinstitutioun“ dann iwwerhaapt nach iwwer d’Ardennenoffensiv an iwwer d’Rekonstruktioun duerno?

Dëse Virtrag hëlt Iech mat op eng Spueresich duerch d’Archiven, op där no allméiglechen Indizien an all Zort vun Dokumenter gesicht, respektiv gekroomt gëtt, fir d’Zäit vun der Ardennenoffensiv an de Jore vun der Rekonstruktioun aus der Siicht vun der Dikricher Gemengeverwaltung nees ze rekonstruéieren.

Ierzebulli 18:30, Ufank Konferenz 19:15

Monuments - Erënnerungskultur am Lëtzebuerger Land

19. Februar 2025, 19:15
Musée National d'Histoire Militaire
10, Bamertal, 9209 Diekirch

Das ausgedehnte Netz der luxemburgischen Gedenkstätten soll effizient visualisiert werden um so den Zugang zu erleichtern. Digitale Plattformen sind im 21. Jahrhundert unverzichtbar geworden, um das Bewusstsein für die Erinnerungsarbeit im Zusammenhang mit den Ereignissen des Zweiten Weltkriegs zu schärfen. Der Begriff Erinnerungsstätten umfasst ein breites Spektrum: Stolpersteine, Kriegsdenkmäler, Gedenktafeln, Soldatenfriedhöfe, Gedenkpfade, einzelne Kriegsgräber, Straßen und Plätze sowie Kirchenfenster und Museen.

Wir präsentieren in dieser Konferenz unsere Anstrengungen die Erinnerungskultur neu zu beleben und diese für die breite Öffentlichkeit besser zugänglich zu machen. Realisiert wird dies wird mit Hilfe einer benutzerfreundlichen Karte die Denkmäler, Mahnmale oder Erinnerungsstätten des Zweiten Weltkriegs in Luxemburg, sowie die verschiedenen chronologischen und thematischen Aspekte (den Luftkrieg, die Zwangsrekrutierung, die Befreiung vom September 1944, die Ardennenoffensive 1944-1945, usw.) abdeckt.

Ierzebulli 18:30, Ufank Konferenz 19:15


80. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv a 40 Joer Militärmusée zu Dikrich

Séance académique

24. Januar 2025, 18:30
Al Seeërei
Rue de l'Industrie, 9250 Diekirch

Viru 40 Joer hunn d’Dikricher Geschichtsfrënn hir Muséesdieren opgemaach. Dëst soll duebel gefeiert ginn, zesumme mat dem 80. Anniversaire vun der Ardennen-Offensiv zu Dikrich.

De Schäffen- a Gemengerot vun der Stad Dikrich, zesumme mam Musée National d’Histoire Militaire, dem Musée d’Histoire[s] Diekirch, dem Lycée Classique de Diekirch an der Dikricher Kulturkommissioun, invitéiere ganz häerzlich op d’Haapt­evenement, d’Séance académique, de 24. Januar 2025 an der Aler Seeërei.

Den Dikricher Militärmusée war am September 1984 vun enger Handvoll Sammler a Geschichtsenthusiasten op d’Bee gestallt ginn. Dëse wichtige Partner an der Erënnerungskultur vun der Rundstedt-Offensiv de 16. Dezember 1944 huet mat Hëllef vun amerikanischen an däitsche Veteranen de Krichsalldag an Dioramaen duergestallt, wat déi Zäit en Novum war. Zanterhier ass vill geschitt am Militärmusée. De 24. Januar 2025 maache mir eng Zäitrees duerch d’Geschicht vun Dikrich an duerch d’Geschicht vum MNHM.

Mellt Iech un, bis de 14. Januar 2025 via Google Formulaire oder per Mail: reception@mnhm.lu.
Fir weider Informatiounen kënnt Dir eis och uruffen: +352 808 908

Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale