#NeiDikrich zesumme plangen - Eis nei Groussgaass matbestëmmen! (25. Abrëll - 25. Juni 2024)
Eise Stadkär ass e wichtigen Deel vun eisem Liewen. Hei verbrénge mir vill Zäit mat Schaffen, Akafen, en Tour trëppelen, mat Frënn a Bekannten e bësse poteren, e Patt drénken an e Maufel iessen … a virun allem, mat Liewen.
Nei Gewunnechte fir anzekafen a sech ze beweegen, souwéi aner Verännerunge stellen eis virun nei Erausfuerderungen, déi verlaangen, dass mir eis upassen.
De Kanal, d’Waasser an d’Elektrisch am ganze Stadzentrum mussen erneiert ginn, do komme mir net derlaanscht. Dofir hu mir zesumme mat eiser Administratioun an eise Servicer decidéiert eise Stadkär nohalteg opzewäerten. Mir wëllen eis Alstad ënner an iwwer dem Buedem moderniséieren a fir d’Zukunft fit maachen.
Zesumme mat Iech!
Mir wëllen eise Stadkär nei erfannen an zu enger Plaz maachen, déi Ären Uspréch a Wënsch gerecht gëtt. Sidd Deel vun dëser Initiativ an hëlleft eis Stad matgestalten.
Är Meenung zielt!
Zesumme schafe mir eng lieweg an dynamesch Stad, an där all eis Bierger eng Stëmm hunn.
Dofir invitéiere mir Iech heimat häerzlech aktiv bei der Erneierung vun eisem Stadkär matzewierken. An dëser Brochure kritt Dir en Iwwerbléck iwwer déi eenzel Etappe vum Bedeelegungsprozess an Informatioune wéi Dir Iech abrénge kënnt.
Loosst eis eise Stadkär nei erfannen! Zesummen!
De Schäfferot
Charles Weiler, Buergermeeschter
José Lopes Gonçalves, Schäffen
Paul Bonert, Schäffen