80 Joer Liberatioun Dikrich 1944-2024: Zäitzeien

Colas Behm & Jean Baulesch

Henri Losch (*16.07.1931, Diekirch; ✝26.12.2021)

De bekannten Auteur Henri Losch beschreift a sengem Buch "E Bouf erzielt", wéi hie sengem Papp an den Ouere louch fir dierfen d'Liberatioun op Dikrich kucken ze goen. Den 12. September 1944 hunn déi 2 sech vun Useldeng zréck an seng Gebuertsstad gemaach. Knapps ukomm, war d'Sensatioun fir de Losch, dat all Gielemännercher schonns am Prisong waren. Hie kritt dann och d'Geschicht erzielt, wéi den Dag virdrun de Jempi Preisen bei der Verhaftung vum Gielemännche M. K. am Kräizwee ëmkoum. Doropshin huet hien sech bei de Prisong gemaach fir de Cortège vun de Gielemännercher ze gesinn. Nächst Etapp vu senger Aventure war, dat hien an de Sauerwisen d'Zeltstad vun der US Army bestaunt an och "e béise Schock" krut, wéi hien all déi blesséiert Zaldote mat hiren "zerfatzte Been" an all "dat Blutt" gesinn huet. Schlussendlech huet hien owes am Café Thilges (am Kräizwee) nach e weideren historesche Moment erlieft, wou wéi ee vun de Gebridder Neven erëm zu Dikrich war. De Jean an Antoine Neven ware mam Felix Peters an England geflücht an hate sech bei der Alliéierter Arméi gemellt.

Quellen:

  • Ausschnitt Hörbuch
  • Losch, Henri, E Bouf erzielt. Eng gewénlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich, Lëtzebuerg 2004; S. 211-216.

Pierre Lorang (*19.10.1925, Diekirch)

De Pierre Lorang ass den 19. Oktober 1925 zu Dikrich op d’Welt komm. Wärend der däitscher Okkupatioun huet heen sech mat anere Refraktären um Këppenhaff verstoppt . Nodeems d’Amerikaner Dikrich befreit hunn, goufe Fotoe gemaach, wéi heen an déi aner Refraktären an hirer Stopp mat hire Waffe poséiert hunn. No der Befreiung ass heen der Dikricher Miliz bäigetrueden. Mam Denise Poncelet hat heen dräi Kanner: d’Sylvie, de Jean-Marie an d’Martine.

Quellen:

  • GAUL, Roland, Schicksale zwischen Sauer und Our 1944-45, Soldaten und Zivilpersonen erzählen: detailgetreue Schilderung der Kämpfe und Ereignisse während der Ardennenoffensive im Grossraum Diekirch. Aus amerikanischer und ziviler Sicht (Bd.2), 2 Bde., Diekirch 1987, S.45, 521.
  • Avis de décès. In: Luxemburger Wort, 06.09.1979, S.16.
  • Lorang Pierre, Ons Jongen a Meedercher, online, http://www.ons-jongen-a-meedercher.lu/archives/personnes/detail/lorang-pierre, [abgerufen am 09.09.2024].

Bernhard Thibeau

De Bernard Thibeau ass Dikricher Geschäftsmann, dee vun 1950 bis an d‘1980er Joren eran de Familljebetrib „Rideaux Thibeau“ zu Dikrich geleet huet. Hien ass bestuet an huet zwee Kanner: d’Romy an de Claude.

Johny Lanter

De Johny Lanter ass een Dikricher Awunner. Hien huet 1956 d’Marie Schmit bestuet. Zesumme kruten si zwee Meedercher, d’Michèle an d’Christiane.

Quellen:

     

Felix Leonardy

De Felix Leonardy war ee Refraktär vun Tandel. Säin Duerf ass de 16. Dezember 1944 vun den Däitschen ugegraff ginn. Eng Unzuel vun Amerikaner hunn sech deen Dag um Haff vu senger Famill stationéiert an d’Lag am A behal. Déi Deeg duerno hunn d’Amerikaner probéiert den Haff sou gutt wéi méiglech ze verteidegen. Allerdéngs ass et den Däitschen Truppe gelongen d’Duerf den 18. Dezember anzehuelen. De Felix, säi Brudder an e puer amerikanesch Zaldote sollte wärend enger Stuermattack op Baastenduerf geschéckt ginn, wat awer duerch een takteschen Ugrëff vun den Amerikaner konnt verhënnert ginn. Nodeems sech déi Däitsch an Tandel zeréckzéie missten, ass et dem Felix gelonge virun der Feldgendarmerie ze flüchten an huet no zwee Deeg Waalsdref erreecht. Do ass heen an engem Haff ënnergetaucht, an dem sech schonn däitsch Zaldote stationéiert haten. Hie gouf vun hinnen opgeholl a blouf do verstoppt bis d’Amerikaner zeréckkoumen.

Quellen:

  • Interview mam Rol Gaul, Kassett, Coll. Gaul
  • GAUL, Roland, Schicksale zwischen Sauer und Our 1944-45, Soldaten und Zivilpersonen erzählen: detailgetreue Schilderung der Kämpfe und Ereignisse während der Ardennenoffensive im Grossraum Diekirch. Aus amerikanischer und ziviler Sicht (Bd.2), 2 Bde., Diekirch 1987, S. 416-420.

Joseph Dudzinski (*07.09.1917, Reginshofen?)

De Joseph Dudzinski, deen am Januar 1940 zu Dikrich am Gruef (Rue de Stavelot) erageplënnert war, erzielt vu sengen Erliefnisser, déi hee vum Liberatiounsdag festgehal huet. Op senger Sich no den Amerikaner, ass hee géint 07:00 Auer um Wee fir bei de Café Greisen e puer däitsch Zaldote begéint, déi aus Dikrich geflücht waren. Ob sengem weidere Wee, gouf heen an der Géigend vum Mouschbierg vun engem amerikaneschen Zaldot ugehal an ass op 20 weider US-Zaldoten getraff, déi wéi hee vu polnescher Ofstamung waren. Heen huet si iwwert den Zoustand vun Dikrich informéiert an huet se op déi intakt Eisebunnsbréck opmierksam gemaach. Um Wee fir op Dikrich huet heen den Awunner iwwert d’Untreffe vun den Amerikaner bericht. Zeréck bei den amerikaneschen Zaldoten, déi an der Tëschenzäit an der Fielser Strooss stoungen, gouf heen Aenzeien, wéi den éischte Sherman-Panzer iwwert d’Eisebunnsbréck gefuer ass. Weiderhi beschreift heen d’Untreffe vun den Amerikaner zu Dikrich, déi mat Blummen a Gedrénks häerzlech begréisst goufen. Hien erënnert sech, datt owes sämtlech NS-Géigestänn vun den Awunner aus Roserei op d’Okkupatioun verbrannt goufen, woubäi et bei dëser Aktioun och zu Onroue koum.

Quellen:

  • GAUL, Roland, Schicksale zwischen Sauer und Our 1944-45, Soldaten und Zivilpersonen erzählen: detailgetreue Schilderung der Kämpfe und Ereignisse während der Ardennenoffensive im Grossraum Diekirch. Aus amerikanischer und ziviler Sicht (Bd.2), 2 Bde., Diekirch 1987, S.536-540.
  • Stadt Luxemburg. Naturalisationen. In:  Luxemburger Wort, Nr. 164 (13.06.1955), S. 4.

Jules Dominique (*15.11.1914, Kayl; ✝02.03.1987, Friedhof Walferdingen)

Bei der Liberatiounsparad zu Dikrich gesäit een op de Fotoen ëmmer erëm Membere vun der Miliz. Konkret handelt et sech ëm eng Maquis Unitéit vun der “Armée secrète Belge”, ugefouert vum Jules Dominique. De fréieren, zu Dikrich stationéierte Gendaarm Dominique, de wéinst senger Bedeelegung um Generalstreik 1942 vun der Gestapo sollt verhaft ginn, ass an d’Belsch geflücht an huet fir déi nächst 2 Joer Resistenz-Operatioune géint Nazi-Okkupanten duerchgefouert. Heibäi huet hie lauter Lëtzebuerger Refraktären an Deserteuren a säin Trupp “Armée Blanche du Luxembourg/Brigade du Lion Rouge” opgeholl. Mat der Liberatioun am September 1944 ass hien du mat senge 85 Männer zu Harel (Harlingen) iwwert d’Grenz zréck a seng Heemecht komm. Den 11. September hu si als “Garde Dominique” um Cortège zu Dikrich deelgeholl. De Jules Dominique hält dee Moment eng Ried op der Kluuster.

Quellen:

  • Email Paul Heinrich, 20.07.2024
  • Heinrich, Paul, Gendarm Eugène Glodt, Jules Dominique,März 2024.
  • Herr, Jos, Diekirch, Luxemburg 1985, S. 414.
  • Lët. Sonndesblad, 11.03.1987, S. 6-7.
  • Weber, Paul, Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg - Luxemburg 1946, S. 121.
  • Cerf, Paul, Le Luxembourg et son Armée, Luxembourg 1984, S. 27.
  • Koch-Kent, Henri, Sie boten Trotz. Luxemburg 1974, S. 289.

Antoine Neven (18.02.1921; 23.11.1994)

Mat enger Permissioun vun 3 Deeg, koumen d'Gebridder Neven mam Komerod Pierre Laux no 3 Joer erëm zréck op Dikrich. Am Café Thilges hunn si vun hirer Aventure bei den Alliéierten erzielt. Fir de Jean Neven an de Pierre Laux sollt et leider déi leschte Kéier an hirer Heemecht sinn: an de Kämpf zu Vlissingen (Holland) koumen déi 2 ufanks November ëm d’Liewen. Den Tun ass den eenzegen den 1945 erëm op Dikrich koum.

Quell:

GAUL, Roland, JORDÃO, Dan, Di zwou Befreiungen vun Dikrich. September 1944-Januar 1945, in: Ville de Diekirch (Hg.), Folia Synoptica, Livre-souvenir publié à l'occasion du 750e Anniversaire de l'Affranchissement de la Ville de Diekirch (1260-2010), Diekirch 2011, S. 137-149. Hier S. 139.

Jean Juttel (*10.12.1920, Diekirch; ✝ 05.02.1984)

De Jean Juttel („Butz“) koum den 10. Dezember 1920 zu Dikrich op d’Welt als Jong vum Mathilde Wampach an Auguste Juttel. Säin Papp hat eng Eisenhandlung zu Dikrich éier hien an seng Fra Mathilde den 18. September 1942 vun den Nazien op Leubus (Polen) ëmgesidelt goufen. Hien huet sech während dem Krich bei der Brigade Piron engagéiert, an där och ënnert anerem de Robert Winter an de Louis Jacoby (de spéideren Mann vum Sanny Mannon-Jacoby) täteg waren. D’Brigade Piron ass dofir bekannt, datt se an der Normandie gekämpft huet. De Jean Juttel huet nom Krich Karriär an der Lëtzebuerger Arméi gemaach. Hien ass de 5. Februar 1984 gestuerwen.

Quellen:

 

Robert Winter (*13.01.1921, Diekirch; ✝06.03.2005)

De Robert Winter gouf den 13. Januar 1921 zu Dikrich als Jong vum Catherine Georges an Antoine Winter gebuer. 1943 ass de Robert Winter der englescher Arméi bäigetrueden, an där hien ee Mount bliwwen ass, éier hien sech fräiwëlleg an d‘belsch Arméi an England gemellt huet. Hie war während dem Krich zesumme mam Robert Winter a Louis Jacoby bei der Brigade Piron täteg. Hien huet ënnert anerem an der Normandie, der Belsch, an Holland an an Däitschland gekämpft. Nom Krich huet hien eng Karriär an der Lëtzebuerger Arméi ageschloen an huet sech zum Chef d’État-Major eropgeschafft. Bestuet war hie mam Marie-Louise Weber an zesumme kruten si dräi Jongen. Hien ass de 6. Mäerz 2005 am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

Quellen:

Nicolas Pesch

De Präsident vun der Dikricher Musek huet seng Musek zesummegetrommelt, fir datt déi sollte prett si, wann déi éischt Amerikaner zu Dikrich ukoumen. Dëst war um 9 Auer moies. No him huet et eng Stonn gedauert bis d'Dunnen op der Eisebunnsbréck lounge, fir datt US-Panzeren an d'Stad konnte kommen.

“Ein Fahnenmeer von luxemburgischen, amerikanischen, englischen, französischen und belgischen Emblemen überflutete die Stadt und gab den Befreiern den Ausdruck eines überschwänglichen Dankgefühles kund.”

Quell:

Herr, Jos, Diekirch, Luxemburg 1985, S. 412f.

Joseph Theis (✝ 05.10.1952)

“Mir si frei, mir sin er laß, Et kömt ni me’ én eröm, Losse mer eis fréen, a fridlech zesummenhalen, Vive eis Großherzogin! Vive e freit Letzeburg” sot de Joseph Theis virum Justizpalais den 11. September, wou de grousse Cortège säi Schlussakt hat. Den Här Theis war vun 1926 bis 1946 nom Krich Dikricher Buergermeeschter. Hie war mat der Madame Emmy Bastendorff bestuet a gouf ënner anerem mam sougenannten “Chevalier de l'Ordre de la Couronne de Chêne” geéiert, ier hien de 5. Oktober 1952 gestuerwen ass.

Quellen:

Jean Peters

Jean Peters, Adjutant an Oberwachtmeister, war 1944 als Stationskommandant vun der Gendarmerie-Brigade zu Dikrech un der Evakuatioun vun der Dikrecher Bevëlkerung bedeelegt. Als Beruffsgendaarm huet hien am Ufank vu senger Déngschtzäit déi regulär Gendaarme bei hire Ronnen oder op der Garde beim Prisong begleet. Trotz der wuessender Anti-Däitscher Stëmmung ënner dem lëtzebuergesche Vollek, déi zu Gewalt gefouert huet, hunn de Peters, wei och aner Gendaarme schwéier geschafft, fir d’Uerdnung zu Dikrech ze erhalen.

Quellen:

  • Heinrich, Paul, Vergessen ist Verrat an den Opfern, Mersch 2014, S. 77.
  • GAUL,Roland, Schicksale zwischen Sauer und Our 1944-45, Soldaten und Zivilpersonen erzählen: detailgetreue Schilderung der Kämpfe und Ereignisse während der Ardennenoffensive im Grossraum Diekirch. Aus amerikanischer und ziviler Sicht (Bd.2), Diekirch 1986-1987, S. 508f.

Sanny Jacoby-Mannon (*02.10.1922, ✝10.12.2004)

D’Sanny Mannon huet un der Befreiungsfeier vun der éischter Liberatioun vun Dikrich deelgeholl. Hier Eltere waren d’Aline Stoffel an den Théo Mannon, deen 1944 zu Hinzert erschoss gouf. Si huet nom Krich, de 26. September 1946, de Lt. en Premier Louis Jacoby zu Mäerzeg bestuet. De Louis Jacoby war wärend dem Krich an der Brigade Prion zesumme mam Jean Juttel a Robert Winter täteg.

Quellen:

Emile Pesch (*03.10.1923)

Den Emile Pesch ass den 3. Oktober 1923 gebuer. Am Februar 1943 gouf hien an de Reichsarbeitsdienst aberuff. Kuerz duerno krut hien eng Wehrmachtsausbildung a gouf spéider un d’Front vun der Sowjetunioun geschéckt. Enn 1944 ass hien dunn a sengem Fronturlaub desertéiert, an huet sech an de Bëscher vu Gilsdref a Reisduerf virun den Däitsche verstoppt, éier hien du bei der Liberatioun vu Gilsdref gehollef huet. Den 11. September huet den Emile Pesch als Musiker um Cortège vun der Liberatioun vun Dikrich deelgeholl. No der Liberatioun huet sech den Emile Pesch der Gilsdrefer Miliz ugeschloss a weider géint di Däitsch gekämpft.

Quellen:

Willy Dillenburg (✝ virum 07.04.1979)

An senger Jugend war de Willy Dillenburg dräi Joer laang am Dikrecher Kolléisch an huet duerno ze Wien d‘Akademie der bildenden Künste an ze Bréissel d‘Molinstitut Van der Kelen besicht. De Fokus huet hien heibäi virun allem op Schrëften an Dekoratioun geluecht. Am Alter vun 20 Joer huet heen de Molbetrib vu sengem verstuerwene Papp Pir Dillenburg weider geféiert. Dëse war am Haus 42 an der Groussgaass (Grand-Rue). Mam Léonie Gils (si hu sech 1938 bestuet) krut hien ee Jong mam Numm Pierre Dillenburg, dee spéiderhin als Generalsekretär an der Chamber geschafft huet. Nieft senger Aarbecht als Molermeeschter war heen och als Museker täteg an huet an der Dikricher Philharmonie d’Trommel gespillt. Um Dag vun der Liberatioun zu Dikrich ass hee moies den Amerikaner an der Fielser Strooss begéint. Op enger Gruppefoto erkennt een de Willy, wéi e virun engem Sherman-Panzer ob der Fielser Stross poséiert a säi selwer gemaachten amerikanesche Fändel präsentéiert huet.

 

Quellen:

  • Es lichten sich die Reihen. In Luxemburger Wort, 07.04.1979, S.10.
  • Annonce de mariage de Willy Dillenburg et Léonie Gils. In Luxemburger Wort, Nr. 22 & 23 (22 & 23 Januar 1938), S.6.
  • GAUL, Roland, Schicksale zwischen Sauer und Our 1944-45, Soldaten und Zivilpersonen erzählen: detailgetreue Schilderung der Kämpfe und Ereignisse während der Ardennenoffensive im Grossraum Diekirch. Aus amerikanischer und ziviler Sicht (Bd.2), 2 Bde., Diekirch 1987, S.35-36.
  • Ancien Régime, Lëtzebuerger Land, online, https://www.land.lu/page/article/509/339509/DEU/index.html, [abgerufen am 08.08.2024].

Victor Kips (*11.04.1917; ✝29.07.1982)

De Victor Kips ass den 11. Abrëll 1917 zu Mäerzeg op d’Welt komm an den 29. Juli 1982 gestuerwen. Am Joer 1939 huet heen als Bauer geschafft a mat senger Fra zu Mäerzeg gewunnt. Mam But den Zwangsrekrutéierten eng Stopp ze verschafen, huet heen 2 Joer méi spéit d‘Widerstandsgrupp ‘'Lëtzebuerger Vollekslegioun’’ (LVL) a sengem Heemechtsduerf gegrënnt. A kuerzer Zeit huet d’Organisatioun 28 Memberen erreecht, déi tëscht 16 an 28 Joer all waren. Wärend der Liberatioun vun Dikrich am September 1944, war hee responsabel fir di 308 internéierte Gielemännercher am Lager ‘‘Glyco‘‘ zu Dikrich an huet wärend der Ardennenoffensiv Kollaborateuren op Mäerzeg evakuéiere gelooss. Wéi Mäerzeg du vun den Däitschen ugegraff ginn ass, goufen d’Prisonéiesch mam Zuch vun Useldeng aus bis op Nidderkuer, Déifferdeng, Esch-Belval bruecht. Leider haten seng Aktioune schwéier Follgen fir seng Famill: seng Fra a säi Papp si festgeholl ginn. Seng Fra ass spéiderhin am Konzentratiounslager Ravensbrück ëm d’Liewe komm. De Victor a säi Papp hunn de Krich iwwerlieft.

Quellen:

Jempy Jean Pierre Preisen (31.10.1915, Diekirch; ✝ 11.09.1944)

De Jempy Preisen gouf den 31. Oktober 1915 zu Dikrich gebuer als Jong vum Mich Preisen a senger Fra. Wärend dem Krich huet hien sech der lëtzebuergescher Fräiheetsorganisatioun ugeschloss. Den Dag vun der Liberatioun ass de Jempy Preisen an de Büro vun der Unioun gaange fir do den Här Reiter iwwert dem M. K. seng Verhaftung z'informéieren, déi amgaange war a géint déi hien sech gewiert huet. De M. K. hat zu deem Zäitpunkt ewell een Dikricher Milizmann schwéier um Aarm verletzt. Zesummen hunn de Jempy Preisen an den Här Goergen sech op de Wee fir bei d'Haus K. gemaach, wou de M. K. sech verschanzt hat. Wéi si do ukoumen, huet de M. K. mat senger Waff geschoss an de Jempy Preisen déidlech um Kapp getraff. De Jempy Preisen ass den 11. September 1944 am Alter vun 28 Joer gestuerwen als eenzege Jong vun der Famill Preisen. De M. K. gouf virum Geriicht vun Dikrich zu 10 Joer Zwangsaarbecht, enger Geldstrof vu 25.000 Frang verurteelt a krut seng Lëtzebuerger Nationalitéit ewechgeholl.

Roger Dillmann (*02.01.1932, Diekirch)

De Roger Dillmann ass den 2. Januar 1932 zu Dikrich gebuer ginn. Wéi d’Rundstedt-Offensive lassgaangen ass, sinn de Roger a seng Famill ëm den 13./14. Dezember am Bamerdall - wou si gewunnt hunn - mat enger Granat, déi an den Nopeschgaart geflu war, iwwerrascht ginn. Ouni lang ze zécken huet d’Famill hir Saachen zesummegeraf, wéi Kleeder an Liewensmëttelwueren, an hunn sech doropshin an d’Kellere vum eis haut bekannte Militärmusée a Sécherheet bruecht. An der Nuecht vum 18. op den 19. Dezember 1944 sind d’Kelleren vum Musée evakuéiert ginn an d’Famill Dillmann ass wéi vill aner Familljen a Richtung Miersch geflücht. Hir Rees huet si bis op Hënsdref gefouert, wou d’Famill Dillmann bei engem Bauer an enger Scheier ënnerkomme konnt. Iwwert den Dag vun der Befreiung kann de Roger Dillmann net all ze vill verzielen; sengen Aussoen no waren déi, déi am Bamerdall gewunnt hu, méi fir sech an dofir net all ze vill bei den Feierlechkeeten, déi am Zentrum vun Dikrich stattfonnt hunn, involvéiert gewiescht. Mee hie beschreift d'Erafueren vun den Amerikaner op de Panzeren an Dikrich. Zousätzlech erzielt hien och vun dem Kollaborateur, dee gelyncht ginn ass. Deen ass geschleeft a dermoosse mat Féiss gerannt ginn “dass heen an d’Luucht geflunn ass”.

Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale