16
Fév 2023
16
Fév 2023

The Law of Three

entre 20:00 et 21:30

Séance mam Raphaël Fiegen

Ni zwee ouni dräi. Dëss Regel wäert d'Aarbecht vum Raphaël Fiegen prägen. No zwee Versich am Joer 2016 an 2019, souwéi der Annulatioun vu senger Expeditioun wéinst der Gesondheetskris 2020-2021, ass de Raphaël 2022 eng drëtte Kéier mat sengen Schlittenhënn op den Kungsleden gaangen, eng Streck vu ronn 500 Kilometer. D'Schwieregkeeten esou ewei der Virbereedung op d'Expeditioun, wäerten Deel vun der Geschicht sinn. E grousst Hindernis ass den aktuelle Klimawandel. D'Einsamkeet vun der skandinavescher Wüst an d'Gefore vun der Taiga an der Tundra sinn nëmmen e puer Hindernisser, déi de Raphaël an seng Schlittenhënn konfrontéiert sin; vun Temperaturen ëm -35°C net ze schwätzen. Eng vun de gréisste Gefore während der Expeditioun ass an d'Äis anzebriechen. Duerch d'Steigerung vun den Temperaturen verschlechtert sech d'Äis séier a schaaft geféierlech Konditioune fir jiddereen. D'Wëld vu schwedesche Lappland bitt eng aner potenziell Gefor. Et ass onméiglech virauszesoen wéi Wëllef oder aner Déieren op Mënschen an hirem eegenen Territorium reagéieren. Trotz deene schwieregen Konditiounen wäert d'Equipe vum Raphaël alles maache fir hiert Zil z'erreechen. De Raphaël wäert och déi natierlech Patrimoine besichen, déi zu all Präis erhale musse ginn. Egal ob et de Padjelanta Nationalpark ass, deen 1984 km² iwwerdeckt, e groussen historesche Patrimoine representéiert, oder de Sarek National Park, dat meeschte Bierggebitt a Schweden mat 19 Spëtzten iwwer 1900 Meter, oder de héchste Bierg a Schweden, de Kebnekaise, mat enger Héicht vun 2096,8 Meter. De Raphaël wäert dës Entdeckungen erliewen, déi hie mat sengem Team a sengen Hënn opbaut. Géigesäiteg Hëllef a Vertrauen an anerer wäert de Schlëssel sinn fir Hindernisser ze iwwerwannen. Wärend der Rees wäerd de Spectateur als Schied vun den Hënn a vum Raphael mat um Abenteuer Deel huelen. Ni zwee ouni dräi. Dës Kéier, gëtt ët keen zeréck.

Ciné Scala
rue de l'Industrie
L-9250 DIEKIRCH

Prix d'entrée

Erwachsene5 €
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale