24
Mar 2020
- Commune de Diekirch
- Agenda
- Roland Meyer: Glous
24
Mar 2020
Mar 2020
Roland Meyer: Glous
eng politesch total onkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung
entre 20:30 et 22:00
“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst.
De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt.
An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all.
Eng politesch total onkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer