19
Oct 2019
- Commune de Diekirch
- Agenda
- En Haus wéi en Haus
19
Oct 2019
Oct 2019
En Haus wéi en Haus
Uert: Eidelt Mierschenhaus zu Ettelbreck
à 22:00
« En Haus wéi en Haus »
Uert: Eidelt Mierschenhaus zu Ettelbreck
"Et ass just en Haus. Du hues zoufälleg emol hei gewunnt. Souvill wëll dat net heeschen."
"Et ass mäin Doheem."
Dräi Gesëschter treffen sech nom Doud vun hirer Mamm, fir dat Haus ze verkafen, an deem si opgewuess sinn. Si hunn sech eng Zäit net gesinn, mee déi al Dynamik tëschent hinnen ass direkt nees präsent. Do ass deen, deen sech fir alles verantwortlech fillt, deem, deen esou mécht, wéi wann him alles egal wär, an deen, deen sech ëmmer schonn e wéineg zeréckgesat gefillt huet, well e méi jonk ass wéi déi aner. Des Dynamik spillt och do, wou et drëm geet, fir de Wäert vum Haus festzeleeën – am emotionale wéi am finanzielle Sënn. An all Raum vun deem delabréierten Haus begéinen déi Dräi Spure vun deem, wat dat Haus emol fir si bedeit huet. Si gi mat all Schrëtt duerch de Gank, d’Kichen, d’Stuff an d’Kummeren zeréckgehäit a Momenter vun hirer Kandheet a Jugend, déi si geprägt hunn. Si fannen awer och Spure vun engem méi rezente Gebrauch vum Haus, vun deem si nach näischt woussten.
„En Haus wéi en Haus“ beschäftegt sech mat Raum a szenischer Performance an engem verloossenen Eefamiljenhaus zu Ettelbréck. Eng Parallelwelt an där et drems geet weini däint mäint, a weini mäint mäint ass.
Wéi geet ee mat enger gedeelter Ierfschaft em? Wat bleift vun deem fréieren Zesummen- a Laanschteneeliewen, wann déi Plaz verschwënnt? Wat kascht d’Erënnerung? Wéini ass en Haus just en Haus – a wéini ass et een Doheem?
Dauer: ca. 50 Minutten
Treffpunkt: Virum CAPE, Place Marie-Adelaïde, 15 Minutten virun der Viirstellung
Präiss: all you can give
Reservatioun erfuerderlech um [email protected] oder T: 27489382 / limitéiert Plazen
Mat der Ennerstëtzung vun
Ministère de la Culture, Fondation Indépendance, Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, Coopérations, Ville d'Ettelbruck, Ettelbruck City Tourist Office, Ville de Luxembourg.
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck