- Commune de Diekirch
- Actualité
- Service de la Formation des Adultes - Lëtzebuerger Orthografie: flott an interessant!
Service de la Formation des Adultes - Lëtzebuerger Orthografie: flott an interessant!
U wie riicht sech d'Formatioun?
Dëse Cours riicht sech u Leit, déi
- sech fir eis Sprooch a speziell hir Orthografie interesséieren,
- berufflech gutt lëtzebuergesch Schreifkenntnisser brauchen,
- sech beim Schreiwen onsécher fillen.
Viraussetzungen
Gudde Sproochenniveau am Lëtzebuergeschen hunn. D'Formatioun gëtt ganz op Lëtzebuergesch gehalen.
An ausserdeem Loscht matbréngen, fir eis villsäiteg an interessant Orthografie kennen ze léieren.
Ziler
Kenntnisser iwwert d'Grondreegele vun der Lëtzebuerger Orthografie an en Iwwerbléck iwwert déi zentral Aktualiséierungen.
1. Vokaler (i, u, o, a; e (ee, e, é, ë))
2. Diphthongen / Duebellauter
3. Konsonanten ("n"-Reegel; "s" + "z", déi aner Konsonanten)
4. Friemwierder mat deene wichtegsten Ausnamen
Inhalt
- Production écrite
- Korrekt Lëtzebuergesch schreiwe kënnen
Zertifikat, Diplom
Certificat de participation du MENJE (Condition : 70% de taux de participation)
Datummen & Aschreiwungen
Lëtzebuerger Orthografie: flott an interessant! LA-LBO-1 03.10.23 – 19.10.23
Lëtzebuerger Orthografie: flott an interessant! LA-LBO-2 05.03.24 – 21.03.24
Lëtzebuerger Orthografie: flott an interessant! LA-LBO-3 04.06.24 – 20.06.24
D’Coursë sinn ëmmer dënschdes an donneschdes vun 17:30-19:15 Auer a se kaschte 36€.