Ville de Diekirch

Philharmonie Municipale de Diekirch

D’Dikkricher Musik, déi 1868 gegrënnt ginn ass, huet an deene leschte Joeren eng erstaunlech Ëntwëcklung erlieft a mir wëlle kuerz eis realiséiert Projeten opzielen: „Gershwin meets Bernstein“, „The Spirit of Celtic“, „Hommage à Pol Gilson“, „PMD meets Vienna“, eis Rock Oper „Love @ Music“ déi mir am Kader vu 750 Joer Stad Dikkrich opgeféiert hunn, „PMD meets Italy“, PMD tells Movies“, „PMD Meets Lëtzebuerg “, „PMD Meets Netherlands“,  „PMD&FRIENDS “,an zu lescht eisen 2. Präis um Internationale Blosmusekconcours zu Meinisberg an der Schwäiz.

Eise President, de Robert Bohnert, nodeems hien 1975 an den Dikkricher Gemengerot gewielt gi wor, ass 1976 an de Comité vun der Dikkricher Musik geruff ginn. Et wor eng Zäit vun Opbroch wou de Jos Langers Chef vun der Philharmonie wor, den Théo Schalz d’Jugendkapell (d’Junioren) geleet huet an de Jos Lorentz d’Baueremusik. Eise Veräin konnt eng grouss Zuel vu jonke Musiker an hire Reien zielen a wor bei der UGDA an der Division Honneur klasséiert. Wéi dunn de President René Steichen seng Kandidatur net méi erneiert huet, huet de Robert Bohnert den 10. Januar 1980 seng Successioun iwwerholl. Hien huet an deenen 30 Joer wou hien elo schonns President ass, eise Veräin duerch munch Héichten an Déifte geféiert. Hien as e gudde Mënschekenner a fënnt ëmmer déi richtig Wierder fir eng kriddelig Situatioun ze entschäerfen. Hien ass och op fir nei Iddien an esou huet hien 1980 dee gewote Wee bestridde fir déi éischt Meedercher an eis Musik opzehuelen.

Vun 2001 Dezember 2015 haat de Luc Rodenmacher den Dirigentestaaf vun eiser Musik iwwerholl an huet duerch säin Schaffen, seng ongebremsten Energie an säin Éiergäiz eis musikalesch Leeschtung op ee ganz héijen Niveau bruecht. Hien huet et fäerdeg bruecht eis Jugend ze motivéieren an eng Rei Musiker aus anere Gemengen an eise Veräin ze bréngen.

Seit dem 01. Januar 2016 steet d'PMD ënnert der musikalischer Leedung vum bekannten Trompettist Ernie Hammes. Mat him un eiser Spëtzt si mir weiderhi gutt opgestallt a freeën eis op déi nächst musikalesch Erausfuerderungen.

Philharmonie Municipale de Diekirch
Place Auguste Wirtgen
L-9293 DIEKIRCH
[email protected] www.pmd.lu
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale