15 Octobre 2021

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de
Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung z'engagéieren. D’Gemeng Dikrech, déi bei der Aktioun matmécht, markéiert déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen, dee wëll, däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat, wat ënnendrënner leit, rafen.

D’Organisateuren hoffen, dass sech aus dëser Aktioun weider Initiativen erginn, bei deene Leit dat Uebst, wat se gepléckt hunn, zesumme weiderverschaffen. De Landwirtschaftsministère stellt dës Aktiounen dann am Kader vum internationalen Dag géint d’Liewensmëttelverschwendung, de 29. September, op dem Internetsite antigaspi.lu der Ëffentlechkeet vir. Deelt dem Ministère Är Initiativ mat per E-Mail un [email protected].


Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:

  • Nëmme Friichte vun engem Bam, dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
  • Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale