Dikricher Wäifrënn a.s.b.l.

D’Dikricher Wäifrënn sinn 2025 gegrënnt ginn fir di al Traditioun vum Wäinubau zu Dikrich rëm opliewen ze loossen, an dat no ca. 300 Jar Ënnerbriechung.

D’Virzeechen dofir sinn excellent an Zäite vu Klimawandel, wou generell eng Erhéijung vun den Temperature festgestallt gëtt, di fir d’ Wäiproduktioun vu groussem Virdeel ass. Et ass och bekannt, datt d’Produktiounsgrenz fir de Wäibau sech an de leschten 30 Jar ëm 800km vum Süden an de Norde vun Europa verlagert huet, d.h.: mir hunn 2025 zu Dikrich di selwecht Produktiounsbedingungen wéi 1995 zu Florenz an der Toskana.

D’Dikricher Wäifrënn notze bäim “Revival” vum Wäibau och di neisten technesch a wëssenschaftlech Erkenntnisser op deem Gebidd.

Doriwwer eraus bitt Dikrich mat sengem wäit bekannten “Härebierg” di ideal Viraussetzunge fir en Neistart, an zwar gëtt op dem technesche Plang de volle Südhang, di perfekt Duurchleftung paralell zum Sauerdall, an d’Uleeën vu Miniterrassen fir eng einfach a sécher Bewirtschaftung optimal genotzt.

Um wëssenschaftlechem Plang gëtt voll op d‘PIWI-Zorte gesat, déi di perfekt Viraussetzunge bidde fir eng BIO-Produktioun. 

(PIWI heescht: Pilzwiddertandsfähig Rief-Zorten, d.h. eng bestëmmten Drauwenzort, déi mat enger anerer Riefzort gekräizt – vereedelt- gëtt, an doduerch pilzwidderstandsfähig gëtt)

Véier (4) verschidde Piwi-Zorte sinn ugeplanzt ginn, zwou Rouder an zwou Wäisser. Et ass viirgesinn souwuel wäiss, rosé an roud Wäiner, wéi och wäiss a rosé Crémanten auszebauen.


Déi verschidden PIWI-ZORTEN

Véier (4) verschidde Piwi-Zorte sinn ugeplanzt ginn, zwou Rouder (Pinot Nova an Divico) an zwou Wäisser (Johanniter a Souvignier Gris).

Déi verschidden PIWI-Zorten mat hire Kräizungen/Stammbeem

Pinot noir X Malverina = Veltliner x Merlot noir
Gamaret = Gamay X Bronner = Rivaner x Chardonnay
Riesling X Ruländer = Pinot gris x Riesling blanc
Seyval blanc X Zaeringer rose = Gewürztraminer rose x Riesling blanc

Label Bio+++

D’Dikricher Wäifrënn vermaarten hir Produkter ënner hirem eegene Label BIO+++ (BIO-TRIPLE-PLUS), an dat haaptsächlech wéinst dem Verzicht op Pestiziden.

?

Bio+++

Et ass virgesinn d’Schafung vun engem neien, eegene Label, ënner deem d’Produkter vermaart ginn, ze kreéieren, an zwar de Label BIO-TRIPLE-PLUS (BIO+++). Firwat Bio+++? Mee, well eise “gudden” Dikricher Patt/Kippchen zousätzlech Krittären erfëlle wäert, déi der Ëmwelt ze gutt kommen. Duerch den ausschliisslechen Ubau vu PIWI-Zorten an op de komplette Verzicht vu syntheetesche Sprëtzmëttel sinn “par Rapport” zum traditionelle Wäibau oder klassesche Biowäibau 80% manner Belaaschtung duerch Sprëtzmëttel a Sprit vun der Ëmwelt festzestellen. Konkreet heescht dat: maximal 2-3 preventiv mineralesch Sprëtzungen bei de PIWI-Zorten, géintiwwer bis zu 20 kurative Sprëtzungen an engem naasse Summer an engem normale Wéngert. 80% manner Sprëtzen huet e weidere positiven Effekt, an zwar duerch d’Reduzéierung vun de Maschinne-Passagen an de Wéngertsreien féiert et zu manner Buedemverdichtungen, an zesumme mat der Dauerbegréngung, gëtt d’Späicherkapazitéit vum CO2 am Buedem weesentlech erhéicht, dohier deen niddregen, positiven CO2-Foussofdrock. 1.+. 80% manner Sprëtze bedeit och méi Biodiversitéit, wéi d’Presenz vu Beien an aner Insekten, an och zousätzlech Buedemwierm, et beleeën. 2.+. 80% manner Sprëtzen dréit och zu 80%-Reduzéierung vum Koffersulfat an zu manner onofbaubare Schwéiermetaller bäi, déi doduerch en effikasse Bäitrag fir de Buedem- a Grondwaasserschutz duerstellen. 3.+.


Den néie Klubb verfollegt nach weider Missiounen an Objektiver, an zwar: 

D’Exploitatioun vun der Wéngertsparzell, déi vun der Stad Dikrich zur Verfügung gestalt an och equipéiert gëtt. Eng eege Konventioun reegelt dëst, genau sou, wéi d’Finanzement vun de Wéngerts/Kellereiaarbichten wärend enger Pilotphas vu 4 Jar. Duerno soll de neie Veräin op eegene Féiss stoen.

Koordinatioun vun deenen eenzelnen Produktiounsphasen resp. de Verkaf vun de Produkten, déi entweeder duerch Eegenleeschtung oder duerch « Outsourcing » u verschidde Partner ofgeséchert sinn.

Den neie Projet “DiWäin” soll och identifikatiouns, touristesch, kulturell, sozial a veräinsiwwergräifend Ziler vun der Stad Dikrich stäerken, an zur harmonescher Entwécklung vun der Nordstad bäidroen, an dat mat externe Partner a Sympathisanten, wéi z.Bsp.: de SI Dikrich, verschidde Schoulen, interesséiert Veräiner, asw.

Duerch Konventioune, wärend der Pilotphas vu 4 Jar, an doriwwer eraus, gëtt Gaart an Heem, Dikrich mat de Wéngertsaarbichten betraut, e Privatwënzer mat der Vinifikatioun chargéiert, an un "Al Dikkrich" gëtt d’Promotioun an de Verkaf vun de Produkter "outgesourced".


Grënnungsmemberen vun den Dikricher Wäifrënn a Chargë vum Conseil d’Administration (CA) exécutif

Member Funktioun
Charles KONNEN President
Jacques DAHM Vize-President
Frank ROSCH Vize-President
Thierry KREMER Sekretär
Mady BERTEMES-SCHROEDER Tresoriär
Charles ENSCH Member
André ESCHBOUR Member
Josée GORGES Member
Jerry GROEFF Member
Tom LINSTER Member
Georges MINETTE Member
Jim NEVEN Member
Pierre PROBST Member
Georges PUTZ Member
Claude STRASSER Member
Nico WEBER Member
Jean-Pierre WOLFF Member

Aktiv Wënzerinnen a Wënzer 2025 am Wéngert

  • Jean BASTOS
  • Mady BERTEMES –SCHROEDER
  • Marcy BESENIUS- DAHM
  • Romain BESENIUS
  • Jacques DAHM
  • Gaby ELSEN-GORGES
  • André ESCHBOUR
  • Sandra FABER
  • Josée GORGES
  • Jerry GROEFF
  • Marie-Louise HERMES
  • Tom LINSTER
  • Astrid LINSTER-WEBER
  • Pascale MERSCH
  • Georges MINETTE
  • Nico WEBER

Aweiung vum Projet DiWäin (28. Abrëll 2025)

De Wéngert am Laf vun 2025


Dikricher Wäifrënn a.s.b.l.
14, rue Edmond-Jean Klein
L-9251 DIEKIRCH
dikricherwaifrenn@pt.lu www.facebook.com/profile.php?id=61586925788212
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale