- Commune de Diekirch
- Agenda
- Roland Meyer: Vill Kaméidi fir näischt?
Fév 2023
Roland Meyer: Vill Kaméidi fir näischt?
D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert iech den 28.Februar 2023 um 19.30 Auer op eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer.
Et si schaardeg Zäiten an d'Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen, an deem d'Rief laanscht d'Mousel verdiert, d'Sauer duerch d'Fielse just nach rënnt an d'Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d'Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.
De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass.
Mir freeën eis op äre Besuch!
Fräien Entrée
Keng Reservatioun
Foto: Roland Meyer
L-9060 ETTELBRUCK