06
Fév 2026
-
01
Mar 2026
06
Fév 2026
-
01
Mar 2026

Wanderausstellung "Asteroid Mission"

De Musée d’Histoire[s] Diekirch freet sech d’Wanderausstellung Asteroid Mission vum Musée National d’Histoire Naturelle Luxembourg am Februar präsentéieren ze dierfen:

Iwwerreschter vun der Entsteeung vun eisem Sonnesystem, Bedroung fir d’Iwwerliewe vun der Mënschheet a Quell vu bal onendlechem Räichtum, Asteroide faszinéieren a maachen och munchmol Angscht.

Wousst dir, datt all Joer méi wéi 5.000 Tonnen extraterrestrescht Material op eis Äerd fält? Oder datt et Waasser a verschiddene Kratere vum Mound gëtt? Hutt Dir jeemools e Stéck vum Mound ugepaakt? Nee?

.

Dann zéckt net a kommt an dëser Ausstellung mat op eng eenzegaarteg Rees duerch eise Sonnesystem.

© MNHN

 

D’Ausstellung ass vum 6. Februar bis den 1. März 2026 am Kulturhaus zu Dikrech ze gesinn.

From ECHO.lu
Maison de la Culture de Diekirch - Galerie d'art municipale
rue du curé
L-9217 DIEKIRCH
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale