04 September 2026

Fondation Hëllef fir d'Natur - E Bam fir d'Gewan

Zënter iwwer 10 Joer schaaft d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur mat dësem Projet méi Struktur an der Landschaft - zesumme mat lokale Partner.

Firwat Beem an der Gewan wichteg sinn

  • Liewensraum a Vernetzung
    Solitärbeem a Bamreie stelle fir eng ganz Rei Déiere wichteg Liewensraim duer. Si déngen als Trëttsteng a Korridoren an hëllefen esou ville Liewewiesen, méi grouss Distanzen ze iwwerbrécken. An eiser moderner Agrarlandschaft feelt et dacks un dësen Trëttsteng a Korridoren. Doduerch kann den Austausch tëschent verschiddene Populatioune verhënnert ginn - am schlëmmste Fall bis hin zum Verschwannen eenzelner Aarten.
  • Virdeeler fir d’Landwirtschaft
    Beem maache Schiet, vun deem virun allem d’Déiere profitéieren. Si fille sech méi wuel a kënne méi produktiv sinn. Bei extreemer Hëtzt kann d’Mëllechleeschtung ëm bis zu 3 Liter pro Dag erofgoen, wann et de Béischten u Schiet an Ofkillung feelt. Och d’Fleeschproduktioun profitéiert vun engem reduzéierten Hëtzestress.
  • Buedemschutz a stabil Erträg
    Solitärbeem a virun allem Bamreie verhënnere Buedemerosioun a bidde Wandschutz. De Buedem dréchent manner séier aus - e Virdeel, deen an de méi dréchene Summere vun der Zukunft ëmmer méi wichteg gëtt. Bamreien droen dozou bäi, d’Erträg besonnesch an extreme Joren ze stabiliséieren.

E Projet fir är Parzell

De Projet ass gratis fir all Participant. D’Fondatioun begleet Är Iddi vum éischte Rendez-vous bis zur fäerdeger Planzung.

Esou geet et:

  • Interessi mellen. Kontaktéiert eis mat Ärer Iddi fir een oder méi Beem.
  • Rendez-vous op der Plaz. Mir kucken zesumme mat Iech, wat Är Virstellunge sinn a wéi d’Planzung lokal am beschte kann ëmgesat ginn.
  • Mir këmmere eis ëm de Rescht.

Wat d’Fondatioun iwwerhëlt:

  • Berodung an Ofstëmmung direkt op der Plaz
  • Planung an Organisatioun vun der Beemplanzung
  • Planzung vun de Beem an e passende Weideschutz

Déi eenzeg Bedingung:
D’Planzfläch muss ausserhalb vum Bauperimeter leien.

  • Eng Beräicherung fir d’Landschaft
    Nieft hirem ekologeschen a landwirtschaftleche Wäert präge Solitärbeem eis Kulturlandschaft.
    Si schafen Identitéit, markant Orientéierungspunkten an e wäertvollen Ierfschaft fir déi nächst
    Generatiounen.

Mellt Iech bis de 15. Oktober 2026 un

Tel. +352 29 04 04 323 | +352 29 04 04 1
E-mail : bam@hellefnatur.lu