28 August 2026

Benevolat.lu - D'Plattform fir Benevoller ze fannen an op äre Veräin opmierksam ze maachen

An all Gemeng ginn et Mënschen, déi sech an hirer Fräizäit fir aner asetzen – an et sinn dacks Veräiner, wéi Ären, déi dëse benevollen Engagement organiséieren, droen a lieweg halen.

Egal ob et ëm kulturell Aktivitéiten, sportlech Evenementer, sozial Hëllef oder lokal Projete geet – d’Associatiounsliewen hei an der Gemeng ass eng essenziell Sail vum Zesummeliewen. A grad dowéinst ass et wichteg, dass d’Aarbecht vun eisen Associatioune gesi gëtt – net nëmme vu Leit déi sech schonn am Veräinsliewen abréngen, mee och vun deene villen, déi sech gären engagéiere géifen, mee nach net wëssen, wou a wéi.

Op der Plattform benevolat.lu kënnt Dir Benevoller fannen, well dës Plattform et Iech erlaabt, interesséiert Benevolle méi einfach z’erreechen an dat ouni extra Käschten.

Elo huet och eis Gemeng eng eege Säit op benevolat.lu, iwwer déi Dir als Veräin d’Méiglechkeet hutt, u Visibilitéit ze gewannen an nei Leit z’erreechen, déi sech wëlle matabréngen.

Firwat ass et sënnvoll, matzemaachen?

  • benevolat.lu ass gratis a liicht ze benotzen
  • Dir kënnt geziilt nei Benevolle fannen, déi Iech bei Äre Missiounen ënnerstëtzen
  • Et ass eng Plattform, déi vum Staat ënnerstëtzt gëtt an am ganze Land genotzt gëtt

Mir als Gemeng recommandéieren dës Plattform gären a wënschen eis, dass och eis Associatiounen heivu profitéieren – fir eng Visibilitéit ze kréien, fir nei Benevollen ze fannen, a virun allem: fir d’Zesummeliewen an eiser Gemeng ze stäerken.

[LU] Agence du Bénévolat - Infoflyer (1 MB)
[FR] Agence du Bénévolat - Flyer d'information (1 MB)