23 Juillet 2021

Zesummen ënnerwee - Eng Campagne vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Mam Zil, fir e respektvollen Ëmgang tëscht Vëlosfuerer a Foussgänger ze promouvéieren, lancéiert de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten d‘Sensibiliséierungscampagne „Zesummen ënnerwee“.

Zanter dem reegelrechte Vëlos-Boom an der Pandemie a grad während de Summerméint sinn oft Vëlosfuerer a Foussgänger zesummen op deene nämmlechte Weeër ënnerwee.

Am Zentrum vun dëser Campagne steet de géigesäitege respektvollen Ëmgang tëscht Vëlosfuerer a Foussgänger, wou déi zwou Säiten drun erënnert ginn, wéi wichteg et ass, den ëffentleche Raum ze deelen an een op deen aneren opzepassen.

Dës Campagne wëll d'Cyclisten an d'Foussgänger op d'Wichtegkeet vun einfache Gesten a Praktiken am ëffentleche Raum opmierksam ze maachen, fir Konflikter am Verkéier ze vermeiden.

Hei sinn eis 10 Tipps fir e respektvollen Ëmgang tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger:

Zesummen ënnerwee - 10 Tipps fir e respektvollen Ëmgang tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger (0,9 MB)
Together on the road - 10 tips for a respectful interaction between cyclists and pedestrians (0,9 MB)

Méi Informatiounen zu den eenzele Reegele fannt Dir op www.mmtp.lu.

Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale