30 Mars 2022

Extension du parking résidentiel à Diekirch à partir du 01.06.2022

Veuillez consulter la brochure "Ausbau vum Parking residentiell" ci-dessous pour vous informer tout au sujet du nouveau règlement de circulation à Diekirch.

 

Extension du parking résidentiel - Brochure (LU DE FR PT) (4,2 MB)

Pour obtenir une vignette de stationnement résidentiel annuelle ou une vignette professionnelle vous devez compléter le(s) formulaire(s) que vous pouvez

Après avoir complété le(s) formulaire(s), merci de le(s) renvoyer avec les documents exigés par voie postale : Ville de Diekirch, B.P. 145, L-9202 Diekirch

Parking Residentiell - FAQ (Heefeg gestallte Froen)

Wann Dir eng Demande gemaach hutt an an engem neie Quartier mat Vignette Parking Residentiell läit, wann dir d’Rechnung bezuelt hutt, kritt dir d’ Vignette virum 1. Juni 2022 geschéckt an se gëllt ab dem 1. Juni.
Dem Verkéiersreglement a Code de la Route no, dierf ee just 48 Stonnen op enger Parkplaz stoen, duerno muss een d’Gefier réckelen. Et kann een domat, och mat enger Vignette Parking Residentiell, net den Auto an der Strooss parken an da méi wéi 48 Stonnen an d’Vakanz fueren.
Zu folgenden Zäite muss een am Parking Residentiell bezuelen, ausser et huet een eng Vignette:
vu Méindes bis Freides vun 8.00 bis 12.00 a vun 13.00 bis 18.00, Samschdes vun 8.00 bis 12.00
“Véhicules destinés au transport des choses” (Camionnetten) dierfen an den Zonen, déi am Depliant ugi sinn tëscht 18.00 Auer owes an 7.00 Auer moies net parken.
De Besuch parkt sech do wou eng Plaz fräi ass a muss d'Taxe bezuelen, déi an der Zon gëllt.
Handwierker parken sech do wou eng Plaz fräi ass a mussen d'Taxe bezuelen, déi an der Zon gëllt. Wann de Chantier méi laang dauert, kann een eng Demande maache fir d’Occupation de la Voirie publique, déi mat enger Taxe vun 10€/Dag/Parkplaz verrechent gëtt. Hei kritt een eng reservéiert Parkplaz no beim Chantier. De Formulaire ass bei eis op der Internetsäit (Documents & Formulaires > Bâtisses : Demandes d'autorisation).
Wann ee mam Motorrad op enger offizieller Parkplaz steet, muss een och een Ticket huelen an et kann een och eng Vignette Parking Residentiell kréien.
Et dierf ee mat sengem Campingcar an den Zone vum Parking Residentiell parken, wann ee bezilt, respektiv ausserhalb vun den Zäiten, wou een net brauch ze bezuelen. Campingcaren duerfen, esou wéi all Gefier, net méi laang wéi 48 Stonnen op enger Parkplaz stoen, dat gëllt fir ganz Dikrich (a Lëtzebuerg). Campingcaren kënne keng Vignette Parking Residentiell kréien.
Affiche - Parking Residentiell: FAQ (Heefeg gestallte Froen) (0,15 MB)
Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale